SlideshowFx Picasa Widget for Joomla!
Copyright © 2010 www.OopsTouch.com

 

6.        De Mars schwätzt vum Hunneg während de Robert spullt,

an de Raym mëcht eng Foto wann de Vic am Pâté wullt.

De Jos vun Téinten eise Sommelier, mëcht de Wäin dann op,

an den Dimitri? Wou ass en? Ah, hien ësst schon ... seng Zopp.

 

7.        Dobäi ware mir um zweeten Owend schon an d'Labränte komm.

Déi schrecklech Nouvelle huet ageschlo wéi eng Bomm.

Op der Schéisser Héicht sollt en net méi sinn, eise Kachcours,

mee am Dall zu Luerenzweiler, lo geet et awer duer!!

 

8.        Am Centre Culturel an der Kichen, si war laang wéi eng Träip,

a schmuel wéi e Schlauch, ware mir all béiss gehäit.

An de Schäffchen, jo den huet och réicht funktionnéiert,

wéi endlech de Portier mam Schäffcherot telefonéiert.

 

9.        Op d'Aarbechtsplack gesinn hun der ëmmer nëmmen zwee,

duerfir hu mir aner méi gedronk an diskutéiert mateneen

Gott sei Dank ass et  dunn do awer  richteg spannend nach ginn,

Show Down tëscht dem Jos sengem Messer an dem Vic senger Maschinn.

 

10.      "Swizzz Prozzz" heescht dat Meeschterwierk, kaaft op dem Märtchen,

T'ass wéi eng Motorsee an  zerhackt all deng Muerten aus dem Gärtchen.

De Jos huet et schwéier, mee hie säbelt  daper an elegant,

d'Maschinn gouf gespullt a verbonn dem Jos seng Hand.