SlideshowFx Picasa Widget for Joomla!
Copyright © 2010 www.OopsTouch.com

16.      Ekipéiert mat Gasfläsch, mat Kocher a mat Batins Béier,

huet de Vic Jelli gemaach, hien ze bremse war schwéier.

Hien hächselt Schwéngskapp an och Féiss, mat Haut a mat Knachen,

a schmunzelt ganz glécklech: T'ass cool dach dat Kachen.

 

17.      An der Tëscht këmmert de Räscht vun der Ekipp sech em d'Zopp,

mat Rëndsgulasch a Gromperen, gewierzt mat Chili, daas top.

Mee hu mir och Brout, huet e Baguett vläicht kaaf?

An eisem Team kee Problem! De Robert war bei de Bäcker gelaf.

 

18.      D'Monique, eis Kächin war zum Gléck och gutt präparéiert,

an huet sech net zevill un eisem Palaver gestéiert.

Et gëtt jo behaapt Männer kënnen keng zwou Saache maache mateneen,

kachen a poteren, lauschtern a schwätzen ka nach laang  net jiddereen.

 

19.      Mir schons, well während d'Monique erklärt huet a geréiert,

hu mir ouni Problem roude Wäin degustéiert.

Schneid d'Gromperen a Wierfelen, hues du nach eng Fläsch Béier?

Wirwat laaft dir vum Hygienengéngscht am Eecherbierg da sou séier?

 

20.      Réier net an den Ennen, soss gi se ganz brong!

De Mars verkeeft Hunneg, de Vic keng Kanéngercher am Fong!

Den FC Minerva huet e Sonndeg och neess verluer ,

Jo Jos! Honnert Gramm Zocker! Dat geet duer!