SlideshowFx Picasa Widget for Joomla!
Copyright © 2010 www.OopsTouch.com

Gedichter sinn vum Här Raymond Hoffmann

1.        D'Schneewittchen hat 7 Zwergen, 7 Geessen waren dem Wollef säi Brout.

7 Wonner hat déi al Welt an um 7. Dag huet eiser Här gerout.

Vun all Déier hat de Noe a senger Arch 7 Puer,

an op Schouss sinn d'läscht Joer 7 Männer gefuer.

 

2.        Den Hierschtprogramm vum Club Senior hat et versprach:

A  6 Wochen mëcht d'Monique aus all Mann do e Kach.

An tatsächlech am November, fir munnech Fra dach e Choc,

stong hire Mann prätt am Schietech an um Kapp trount seng Toque.

 

3.        E Joer méi spéit wëllen dun de Carlo a säin Edem,

jo si Zwee aleng och esou e Kachcours beleeën.

"Ma schléisst Iech dach unn bei der Profisekipp!"

Dat si mir! Vum Club Senior koum den Tipp.

 

4.        Zwee Jossen, Gilbert, Mars, Raym a Vic. t'si rëm si,

kréie sou als Hëllef de Robert, de Carlo a säin Edem Dimitri.

Si verstäerken déi gutt Ekipp op hir Manéier,

deen ee spullt an den aneren ësst méi séier.

 

5.        Direkt am Ufank waren d'Rolle optimal verdeelt,

Jiddereen hat seng Plaaz, néirens huet ee gefeelt.

De Gilbert schielt Gromperen, de Jos Ennen fir an d'Zopp.

A gewierzt gëtt esou laang bis de Vic jäizt: T'ass stop!


 

6.        De Mars schwätzt vum Hunneg während de Robert spullt,

an de Raym mëcht eng Foto wann de Vic am Pâté wullt.

De Jos vun Téinten eise Sommelier, mëcht de Wäin dann op,

an den Dimitri? Wou ass en? Ah, hien ësst schon ... seng Zopp.

 

7.        Dobäi ware mir um zweeten Owend schon an d'Labränte komm.

Déi schrecklech Nouvelle huet ageschlo wéi eng Bomm.

Op der Schéisser Héicht sollt en net méi sinn, eise Kachcours,

mee am Dall zu Luerenzweiler, lo geet et awer duer!!

 

8.        Am Centre Culturel an der Kichen, si war laang wéi eng Träip,

a schmuel wéi e Schlauch, ware mir all béiss gehäit.

An de Schäffchen, jo den huet och réicht funktionnéiert,

wéi endlech de Portier mam Schäffcherot telefonéiert.

 

9.        Op d'Aarbechtsplack gesinn hun der ëmmer nëmmen zwee,

duerfir hu mir aner méi gedronk an diskutéiert mateneen

Gott sei Dank ass et  dunn do awer  richteg spannend nach ginn,

Show Down tëscht dem Jos sengem Messer an dem Vic senger Maschinn.

 

10.      "Swizzz Prozzz" heescht dat Meeschterwierk, kaaft op dem Märtchen,

T'ass wéi eng Motorsee an  zerhackt all deng Muerten aus dem Gärtchen.

De Jos huet et schwéier, mee hie säbelt  daper an elegant,

d'Maschinn gouf gespullt a verbonn dem Jos seng Hand.


 

11.      De Mars mëcht d'Bestellung, vill wëllen se hunn,

déi Maschinn do iwwerzeecht eis, dat ass net gelunn.

An de Jos gëtt vum Monique getréischt: Ech fannen dech gutt,

virun denger Deko op der Ham am Deeg zéien ech mäin Hutt.

 

12.      Währenddem hunn de Robert an de Vic den Deeg futti gerullt,

alles war a Stécker, den Téintener Jos huet scho nees gespullt.

Dir däerft net sou drécken, sot d'Monique, net wéi e Pärd.

Mir maachen neien Deeg, kommt, dat ass et wäert.

 

13.      A sou krute mir am Mirbedeeg eng Nohëllefstonn,

speziell de Carlo, hien hat doheem scho probéiert, de Jong.

T'goung zwar schief, t'wor net alles sou gelong wéi seng Zopp,

mee säi Fläiss huet d'Monique bewonnert, hie krut eng Bonne Note.

 

14.      Tjo Luerentzweiler war e Flop, mir hunn eis net gefillt doheem.

Fir kee war et e Virdeel, mol net fir d Mars an de Raym.

Eigentlech misste si jo do huelen keen Auto, wéi op Schouss,

mee eng Këscht Wäin dréiss du och op Luerentzweiler net zu Fouss.

 

15.      Zréck op Schouss koum den Dag dunn  vum Vic eisem Wierzer,

T'war säin  Optrëtt, do trëppelt d'Kächin scho mol kierzer.

T'war säi Pâté, säi Jelli, seng Millemaschinn ..

an de ganzen Owend hu mir gesinn seng zefridde Mine.


16.      Ekipéiert mat Gasfläsch, mat Kocher a mat Batins Béier,

huet de Vic Jelli gemaach, hien ze bremse war schwéier.

Hien hächselt Schwéngskapp an och Féiss, mat Haut a mat Knachen,

a schmunzelt ganz glécklech: T'ass cool dach dat Kachen.

 

17.      An der Tëscht këmmert de Räscht vun der Ekipp sech em d'Zopp,

mat Rëndsgulasch a Gromperen, gewierzt mat Chili, daas top.

Mee hu mir och Brout, huet e Baguett vläicht kaaf?

An eisem Team kee Problem! De Robert war bei de Bäcker gelaf.

 

18.      D'Monique, eis Kächin war zum Gléck och gutt präparéiert,

an huet sech net zevill un eisem Palaver gestéiert.

Et gëtt jo behaapt Männer kënnen keng zwou Saache maache mateneen,

kachen a poteren, lauschtern a schwätzen ka nach laang  net jiddereen.

 

19.      Mir schons, well während d'Monique erklärt huet a geréiert,

hu mir ouni Problem roude Wäin degustéiert.

Schneid d'Gromperen a Wierfelen, hues du nach eng Fläsch Béier?

Wirwat laaft dir vum Hygienengéngscht am Eecherbierg da sou séier?

 

20.      Réier net an den Ennen, soss gi se ganz brong!

De Mars verkeeft Hunneg, de Vic keng Kanéngercher am Fong!

Den FC Minerva huet e Sonndeg och neess verluer ,

Jo Jos! Honnert Gramm Zocker! Dat geet duer!


 

21.      Soll ech d'Telleren alt spullen? Neen, t'gëtt lo nach Fësch.

De Gratin ass verdréchent, hie kënnt net op den Dësch!

A virwat net, sot de Raym, hien huet grouss Aa gemaach,

en ass wéi am Steakhouse, do hu se dee selwechte gemaacht.

 

22.      A während grouss Diskussiounen ginn hin an hir,

bleiwt d'Kächin schéi roueg, raumt alt  mol wech säi Geschir.

D'Monique ass sech ganz sëcher, déi Männer do gi richteg Käch,

hatt seet: "Hir Frae wärte staunen, ech si lo schons ganz ewech.

 

23.      A sollt ee vun hinnen net ganz nogelauschtert hunn,

da kann hie mir jo uruffen, mäin Handy, deen ass un."

An all Schoul ass e t'selwecht, du erklärs zimmlech oft,

a brauchs Nerven, Versteesdemech an eng ganz Portioun Loft.

 

24.      An haut ass et un eis, dem Monique sengen Hären,

mir hu gerëscht fir iech, hoffen eise Menü hu dir gären.

Eiser Kächin, dem Monique, jo mir wëllen eis jo net schummen,

so mir vu ganzem Häerz merci, natiirlech mat e puer Blummen.